arrow_back_ios
Kultur
"Loveless" lancéiert d'Filmkompetitioun zu Cannes
Deen éischte Film an der offizieller Competitioun zu Cannes war e russeschen Drama iwwert ee verluerent Kand. Den Andrey Zvyagintsev wéist a sengem "Loveless", wéi narzisstesch a schlecht d'Mënschheet ka sinn. Hie bitt keng Excusen. Et ass ee brutalen an awer enorm éierlechen an aktuelle Film, deen hei fir déi 70. Editioun vum Cannes Filmfestival an d'Ronn geet. D'Maxi Pesch ass zu Cannes op der Plaz a war sech de Film ukucken.