arrow_back_ios
Kultur
Gespréich mat der Servaispräisgewënnerin Nora Wagener
De Servaispräis geet un dat bedeitendst literarescht Wierk wat zu Lëtzebuerg erauskoum. Dës Kéier un dem Nora Wagener säin "Larven - kurze Geschichten". E Sammelsurium vu Kuerzgeschichten iwwer Mënschen deenen hier Liewen hätt kënnen anescht verlafen. Beschriwwe mat engem ganz genauen Bléck, an awer och mam Don duerch d'Sprooch an hier Biller eng Atmosphäre ze schafen déi engem en onbekannten, bal feenhaften Universum vun Sproochkonscht opmécht.