Déjà Vu
Classic ... revisited!
Däerf ee klassesch Musek mat Rock- a Popzooss zerwéieren? Et däerf een, an dat ass reegelméisseg an der Museksgeschicht gemaach ginn - an dorëms geet et an dësem "Déjà Vu": net wéi gewinnt een Album vun engem Interpret steet um Programm, mä bekannte klassesch Melodien an Themen, déi uganks de siwwenzeger Joren an neiem musikalesche Kleed zerwéiert goufen, à la Rock, Pop oder Jazz!
Spezialist vum Genre war déi hollännesch Formatioun Ekseption, déi mat zwee Titele vertrueden ass, mat derbäi sinn och Apollo 100, Dave Edmunds, Waldo de los Rios an de Brasilianer Deodato. "Verschafft" gi J.S. Bach, W. Amadeus Mozart, Aram Katchatourian a Richard Strauss.
Presentéiert vum Fred Medernach.