Déjà Vu
Crown Of Creation - Jefferson Airplane
Mat Themen aus der Hippiezeen, Anti-Krich-Messagen a psychedeleschen Téin huet déi kalifornesch Formatioun wuel kee grousse Single-Hit gelant, mä sech awer an déi éischt Rei vun den ugesote Bands gespillt. Den Album kritt haut besser Kritike wéi deemools a steet - zu Onrecht - am Schied vum Nofolger "Volunteers" vum Joer drop. Deen huet Jefferson Airplane an de Kult-Beräich erakatapultéiert.
D'Besetzung op "Crown Of Creation" (RCA Victor) begräift engersäits déi gewinnte Bandmemberen an eng etlech Gäscht, déi invitéiert goufe matzemaachen. De bekanntsten Numm dorënner ass dee vum David Crosby.
D'Airplaner sinn dës:
Marty Balyn, Gesang, Rhythmus-Gittar / Grace Slick, Gesang, Piano, Uergel / Paul Kantner, Rhythmus-Gittar, Gesang / Jorma Kaukonen, Leadgittar, Gesang / Spencer Dryden, Drums, Piano, Uergel, Gesang / Jack Cassidy, Bass.
Presentéiert vum Ben Boulanger.