Kultur
Filmfest
17 min
E Sonndeg leeft am Neimënster, als Hors les Murs-Événement, den Documentaire “No Land’s Song”, e Film vum iranesche Cineast AYAT NAJAFI. Hien huet e Projet vu senger Schwester documentéiert, der Musekerin a Komponist SARA NAJAFI. Si hat sech virgeholl, e Concert zu Teheran z’organiséieren, mat Fraen déi solo op der Bühn sangen. Am Iran ass dat fir Frae verbueden. Si huet trotzdem esou ee Concert organiséiere wëllen. D’Sara Najafi war am Nomëtteg um 100,7 op Besuch.Mir spillen Extraiten aus dem Gespréich mat hir. Ausserdem zéie mer de Bilan vun de Competitiounen: haut den Owend melle sech d’Juryen zu Wuert. Da ginn d’Laureaten désignéiert an d’Präisser verdeelt.