Kultur
Filmfest
16 min
Bei den Documentairen, déi um Luxembourg City Film Festival gewise ginn, stécht ënner anerem "I am Not Your Negro" vum Raoul Peck eraus. Mam Samuel L. Jackson als Erzieler, kënnt de Film zeréc op d'Duerstellung, an och d'Perceptioun, vun der afrikanesch-amerikanescher Communautéit an de Vereenegte Staaten. D'Maxi Pesch hat Geleeënheet, mam Israel Fredman, dem Kameramann vun "Forever Pure", engem Documentaire iwwert rassistesch Futtballsupporteren an Israel, ze schwätzen. Um Luxembourg City Film Festival ass awer och déi Lëtzebuerger Première vum Sam Garbarski sengem neie Film "Es war einmal in Deutschland", deen op der Berlinale gutt ukomm ass an elo a méi wéi 30 Länner wäert gewise ginn. An der Haaptroll vun dëser co-Produktioun mat Samsa Films ass de Moritz Bleibtreu ze gesinn.