Déjà Vu
The Blues and the Abstract Truth - Oliver Nelson
30 min
Den Oliver Nelson kënnt dacks net zu där Reputatioun, déi e verdéngt hätt. Nieft Coltrane, Shorter a Konsorten ass et natierlech och net einfach duerchzedréngen. Dobäi ass The Blues and the Abstract Truth awer definitiv en Incontournabel an der Jazz-Geschicht. Eng absolut gelonge Mëschung vu Museker presentéiert siwe Stécker, déi alles hunn, wat et brauch: clever Arrangementer, Solisten, déi all hir eege Stëmm hunn, eng gewëssen Déifgrënnegkeet, verschidde Stëmmungen an déi richteg Dosis Blues (souwuel vum Language hier, wéi an der Form). Ob wéinst dem Bill Evans, deen anescht wéi gewinnt spillt an dowéinst perfekt erapasst, dem Eric Dolphy, deen iwwer d'Stécker ewech flitt, dem Roy Haynes an dem Paul Chambers, déi d'Grupp perfekt ankeren, dem feierege Freddie Hubbard oder dem Baritonist George Barrow: all Stéck zielt seng Story, an et gëtt keng Sekonn langweileg. Presentéiert vum Pol Belardi a Pit Dahm.