Déjà Vu
A Love Supreme - John Coltrane
Mat "A Love Supreme" schaaft den John Coltrane e Manifest vun der Spiritualitéit an Energie, der spontaner an onbändeger Kraaft vun der Improvisatioun, souwéi der Interaktioun vu véier Mënschen, déi méi vereent, wéi hir Léift zur Musek. Fir hie selwer ass et e Glawensbekenntnis an e Merci u Gott. Fir op d'mannst dräi Generatioune vu Museker gehéieren dës knapp 40 Minutte Musek awer zu deenen intensiivsten an inspiréierentsten, déi bis elo geschaaft goufen. Tëscht meditativen, kontemplativen, extrovertéierten an nostalgeschen Ambiancen hin an hier wiesselnd, weise sech den McCoy Tyner, den Jimmy Garrison, den Elvin Jones an den Tenor-Gigant Coltrane vun hirer beschter Säit. Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.