arrow_back_ios
Déjà Vu
Forever Changes - Love
Bei senger Sortie, Enn 1967, huet den Album "Forever Changes" vun der kalifornescher Band Love schwaach Verkafszuelen erreecht. Zënter Joerzéngten zielt den Album elo awer zu de beschten psychedelic/folk-rock Wierker "ever" a spigelt, nieft verschiddenen LPe vu Grateful Dead an Jefferson Airplane, deen deemolege West-Coast Sound am beschten erëm. Presentéiert vum Ben Boulanger.