Am Hierscht 1979 riskéiert d'Marianne Faithfull alles mat hirem Comeback-Album "Broken English"… a gewënnt!
Mëtt de 70er war et roueg ginn ëm d'Marianne Faithfull. D'Krankheet an divers Exzesser hate si op d'Strooss bruecht an den Album "Broken English" sollt hir lescht Chance sinn. Eng Geleeënheet, déi si net verpasst! Den Album iwwerrascht mat New Wave a Punk Disco, d'Texter sinn ausdrocksstaark, d'Stëmm dozou däischter an deels bedreelech. Jackpot! De Ben Boulanger presentéiert "Broken English".