arrow_back_ios
Kultur
Lascaux IV: Centre International de l'Art pariétal Matignac/Lascaux
“Sixtinesch Kapell vun der Urgeschicht” gëtt d’Hiel aus der Steenzäit vu Lascaux genannt. Honnerten vun gemoolten a gravéierten Déieren sinn an der Hiel ze gesinn. D’Originalhiel vu Lascaux ass net fir de Publique zougänglech, dofir goufen Reproduktiounen vun der Hiel gemaach, an vru kuerzem ass Lascaux IV opgaangen, eng fuschnei Reproduktioun vun der Hiel, nach méi genee, nach méi präzis an d’éischte Kéier och an Originalgréisst.