Kultur
Nei Michel Majerus Ausstellung an der BIL
10 Joer ass et schonn nees hier dass am Mudam déi éischte ganz grouss Michel Majerus Retrospektive hei zu Lëtzebuerg gewise ginn ass. An der Galerie de l’Indépendance vun der BIL gëtt elo als zentrale Sujet vun der neier Ausstellung en Wierkblock gewisen deen den Titel Printers Proof huet. Dat hei sinn awer net klassesch Epreuves d’imprimeur wéi een se vun der Gravure géing kennen, mee de Numm vun dëser Serie vun 80 Sepia Aquarellen ass u sech eng Uspillung op déi Aart a weis wéi de Michel Majerus sech déi Zäit, mir sinn en de Nonzeger Joer mat dem Medium vum Drock beschäftegt huet.