arrow_back_ios
Kultur
D'Rout Bréck huet 50 Joer
Matzen am Summer 1958 haten d’Ponts et Chaussées de Concours fir de Bau vun enger neier Bréck iwwert de Pafendall ausgeschriwwen. Lëtzebuerg war am Kontext vun der Bréisseler Weltausstellung am gaangen säi Buergen a Schlässer Image no baussen hin kräfteg ze moderniséieren an hat grouss Ambitiounen europäesch Haaptstad ze ginn.