arrow_back_ios
Kultur
Où on va, papa? am TNL
De Jean-Louis Fournier huet mat sengem Roman "Où on va, papa ?" net just de Prix Femina akasséiert, mee och eng Rei Differenze mat senger Ex-Fra. A sengem Wierk beschreift hien a Romanform d'Liewe mat sengen zwee behënnerte Bouwen. De Claude Frisoni huet eng Zort Monolog doraus konzipéiert an den Acteur Norbert Rutili verkierpert den Erzieler an dësem Stéck, dat déi allgemeng Perceptioun vu Mënsche mat Behënnerung a Fro stelle wëll. D'Valerija Berdi informéiert.