Kultur
Frankfurter Buchmesse
Saskia de Coster, Schrëftstellerin vu Louvain, Sprooch- a Literaturwëssenschaftlerin, Theaterauteur, Kënschtlerin - an Tommy Wieringa - Journalist, Auteur a gären op der Rees - waren déi éischt zwee vun am Ganzen 99 flämeschen an hollänneschen Auteuren, déi hir Länner respektiv Regioun op der Buchmesse zu Frankfurt vertrueden hunn an engem Gespréich am Pavillon vum Éieregaascht. A si gehéieren zu de sougenannten "neie Giganten" vun der hollänneschsproocheger Literatur. D'Nathalie Bender huet den Auteuren am Gespréich mat der Bettina Baltschev nogelauschtert.