arrow_back_ios
Kultur
Tschechow am Beetebuerger Schlass
"Der Heiratsantrag" an "Der Bär" sinn zwee Fréiwierker vum Anton Tschechow, a se ënnerscheede sech vu senge grousse Wierker, besonnesch well se méi wëll sinn, a seng spéider Wierker méi Déifgank haten. Ma den Tschechov huet a sengem Eenakter scho ganz spatz an iwwerdriwwe Charaktere skizzéiert. An dofir sinn "Der Heiratsantrag" an "Der Bär" schonn zwou interessant gesellschaftskritesch Komedien. Hannergrënn vum Jean-Claude Majerus.