arrow_back_ios
Kultur
Kultur
De bulgaresche Film “Hristo” vun den zwee Regisseuren Todor MATSANOV a Grigor LEFTEROV huet gutt Chancen, de Grand Prix um Festival ze gewannen. Dësen haarde Sozialdrama weist den alldeeglechen Iwwerliewenskampf vum jonke Hristo. De Verglach mam belsche Film “Rosetta” vun de Gebridder Dardenne läit op der Hand. De Michel Delage war de Film kucken an huet sech mat engem vun de Realisateuren ënnerhalen.