arrow_back_ios
Kultur
Le Duc de Saint-Firmont
1906 ass d'Stéck "Le Duc de Saint-Firmont" am Stater Theater uropgefouert ginn. Mam turbulente Liewe vum Félix Servais a mat sengem Wierk huet sech d'Ludivine Jehin, Conservatrice am Mierscher Literaturarchiv intensiv beschäftegt. De Centre National de Littérature huet dës Komedie an hirer Serie "Lëtzebuerger Bibliothéik" editéiert, mat Kommentaren an Erklärunge vun der Ludivine Jehin. D'Mataarbechterin vum CNL presentéiert dës Editioun am Gespréich mam Valerija Berdi.