arrow_back_ios
Kultur
Der Täter ist unter uns
Am OPEN SPACE, der Galerie vun den Annexes, de Kënschtleratelieren zu Buerglënster, weist d'Chantal Maquet, nach bis muer (16.10.16), eng ganz Serie vun neien Biller ënnert dem Titel: "Der Täter ist unter uns". Der Chantal Maquet hir nei Molerei gehéiert zu de ganz interessante Momenter an der aktueller Konscht zu Lëtzebuerg. Mat hirer figurativer Molerei huet si et an e puer Joer fäerdeg bruecht, eng ganz eege Billerwelt, mee och hiren eegene Stil auszeschaffen. Impressioune vum Christian Mosar.