Déjà Vu
Third Stage - Boston
1976 feiert déi US-amerikanesch Rockband Boston hiren Debut mam haut nach bekannten Hit "More than a Feeling". Allerdéngs bréngt d’Band, begleet vu vill finanzielle Schwieregkeeten, 1986 den Album "Third Stage" eraus. Eng Aarbecht, déi 6 Joer gebraucht huet an un déi och kee méi gegleeft huet. Op dësem Album ass wierklech näischt, wéi bei Aneren aus der Rockzeen. Musikalesch an technesch stécht dohannert d’Aarbecht vu quasi nëmmen engem Museker vun der Band, dem Gittarist a Keyboarder Tom Scholz. Een Album, deen och vill verzielt vun der laanger, schwiereger Zäit, déi de Museker huet missen erdroen.
Hits op dësem Album sinn ë.a. "Amanda, We’re ready, Cool the Engines". Presentéiert vum Manuel Ribeiro.