Kultur
"Refugium" am Kasemattentheater
"Vläicht ass d'Konscht, wann d'Liewe bis versot huet, dat eenzegt wat nach bleift" freet sech d'Equippe ëm den Ian de Toffoli, déi eng Stëmmung vun der Endzäit vun der Mënschheet op d'Bühn bréngen. Di aktuell politesch a gesellschaftlech Situatioun gëtt mat ville Sound- a Special-Effekter verbildlecht. E postdramatescht Stéck mat zwee Protagonisten, dem Luc Schilz an dem Pitt Simon déi all eis oppen an heemlech Suergen, Ängschten, Cauchemaren an Hoffnungen op eng schmäerzvoll an entlarvend Weis presentéieren... D'Valerija Berdi war bei de Prouwen derbäi.