Kultur
Passion for Planet - Regisseur Werner Schuessler am Gespréich
E Film iwwert déi bedeitendst Naturfilmer. Den däitsche Regisseur Werner Schuessler huet fënnef Leit, respektiv Equippe bei hiren Dréiaarbechten op véier Kontinenter begleet, ass mat Haie mat schwamme gaangen, huet dausende vu Mieresschildkröte beim Eeër ofleeë gefilmt a weist wéi eng Roll de Mënsch an der Natur spillt. Am Gespréich mam Valerija Berdi erzielt hien iwwer seng Aarbecht, d'Faszinatioun awer och dem Bewosstsinn vu Geforen, deenen d'Natur ausgeliwwert ass ... De Film ass am Kader vun der Filmtage Österreich-Deutschland-Schweiz an der Stater Cinémathéik gewise ginn.