arrow_back_ios
Kultur
Dossiers pédagogiques
Datt an de Lëtzebuerger Schoulen d'Literatur vun heiheem alt mol ze kuerz kënnt, ass gewosst. Datt dat net sou muss bleiwen och. An deem Sënn baut de CNL an Zesummenaarbecht mam SCRIPT, dem Service de Coordination de la Recherche et de l'Innovation pédagogiques et technologiques, op d'Wierk vun 2012 "Literarische Welten" op, andeems Dossiers pédagogiques ausgeschafft ginn, déi et den Enseignante solle vereinfachen, Texter vu Lëtzebuerger Auteure mat de Schüler ze behandelen. D'Nathalie Bender mat Hannergrënn.