arrow_back_ios
Kultur
Dräi nei Expoe fir d'Nuit des Musées
Den 8. Oktober geet um 6 Auer owes déi 16. “Nuit des musées” an de Stater Muséeën un. Schwéierpunkt ass déi Kéier d'“Jugend”. D’Visite vun enger “Nuit” ass schwéier am Virfeld ze plangen. Wann een eng gutt Vue op e Spektakel huet, ma da bleift een dach an deem Musée méi laang. Begéint een onerwaart Kollegen, geet een eventuell mat deene virun. D'Kerstin Thalau wëllt Iech also guer kee Mode d'emploi fir d'Nuit des Musées mat op de Wee tëscht de Muséeë ginn, mee Iech dräi nei Expoe virstellen.