Kultur
Interview mam Cineast Cyrus Neshvad
De Cyrus Neshvad, Lëtzebuerger Cineast mat iraneschen Originen, kritt op Internationale Festivaler vill Präisser fir seng Kuerzfilmer. 19 Auszeechnunge goufen et bis elo fir "Antoine", mam Max Putz an Annette Schlechter, iwwert eng eeler Koppel, déi kaum nach Kontakt mat hirem erwuessene Jong huet. Dee rezentste Film, "Fils", mam Hervé Sogne a Brigitte Urhausen, erzielt vun enger Koppel, där hire klenge Bouf no engem Accident am Koma läit. De Papp refuséiert, datt d'Maschinnen, déi d'Kand nach sou just um Liewen halen, ofgeschalt ginn. Am Interview erkläert de Cyrus Neshvad, deen als Kand mat senger Famill aus dem Iran geflücht ass, wéi hie seng Filmer krééiert. D'Cléo Thoma féiert duerch d'Gespréich.