Kultur
Welcome to Paradise - en dokumentarescht Theaterstéck
51 Gespréicher a fënnef verschiddene Sproochen huet d'Equipe ëm d'Regisseurin Carole Lorang gemaach, opgeholl a verschafft, fir dem grousse Public Temoignagen ze presentéieren, déi eis all eppes uginn. Wéi gesinn d'Refugiéen hiert Liewen zu Lëtzebuerg a firwat si se heihinner komm? Wéi fillt sech e Beamten, deen engem Refugié matdeele muss, datt en net däerf hei bleiwen? Wat motivéiert en Awunner, sech fir d'Flüchtlingen anzesetzen, wéi eng Gefore gesinn anerer am Accueil vu Mënschen, déi hei e Liewen a Fridde sichen? De Francis Schmit, Coordinateur vun dësem dokumentareschen Theaterstéck an d'Carole Lorang iwwer d'Hannergrënn. E Reportage vum Valerija Berdi.