arrow_back_ios
Kultur
De Patrick Galbats an de Referendum an Ungarn
Nom Referendum de Sonndeg, 2. Oktober an Ungarn huet de Westen haaptsächlech ervirgehuewen, datt mat 46% Prozent d'Wahlparticipatioun ze niddreg war, sou datt d’Resultat net ziele géif. Den ungaresche Premier Victor Orban fir säin Deel huet no bausse gefeiert, datt 98 Prozent vun de Wieler géint en EU-Flüchtlingsquota wieren. De Lëtzebuerger Fotograf Patrick Galbats wollt sech mat eegenen Aen eng Meenung bilden. An d'Kerstin Thalau huet hien an Ungarn kontaktéiert.