Kultur
Translate - Iwwersetzungen am Theater
Den TNL hat op e Colloque invitéiert, wou iwwer déi verschidde Forme vun Iwwersetzungen am Theater referéiert an diskutéiert gouf. Wéi kann den Theater zur universeller Sprooch ginn? D'Yvonne Griesel war eng vun den ageluedenen Expertinnen, déi iwwer hir Aarbecht als Theateriwwersetzerin geschwat huet. Wéi gi Surtitragë verfaasst an an d'Theaterstécker agebonnen, ouni ze vill vun der Bühn ofzelenken? Déi a weider Froe beäntwert déi ausgebilten Dolmetscherin um Mikro vum Valerija Berdi.