arrow_back_ios
Kultur
Cineast Filmfestival
Eng 10.000 Leit déplacéiere sech all Joer fir de Cineast Festival: ëm déi 100 Filmprojektiounen, awer och Concerten a Ciné-Concerten, Diskussiounen, asw. maachen dëse Festival aus, deen eng Selektioun vu Filmer aus Mëttel- an Osteuropa weist. De Radek Lipka, Direkter vun der Programmatioun beim Cineast war live am Studio fir dem Cléo Thoma am Gespréich d'Schwéierpunkten an d'Highlights vum Festival virzestellen.