arrow_back_ios
Kultur
D'Fotoexpo "Cercle5" mam Patrick Galbats
Virun engem Joer huet de Fotograf Patrick Galbats ugefaangen a sengem Alldag d'Mënsche ronderëm de Cercle op der Plëss ze knipsen. Eng Selectioun vun de Biller stellt hien elo ënnert dem Titel "out of office" aus. Dat am Kader vun der Initiativ "5 Lëtzebuerger Fotografe fir 5 Joer Cercle Cité". D'Kerstin Thalau wollt méi iwwert d'Ongléck a Schwaarz-Wäiss gewuer ginn.