Déjà Vu
Barcelona - Mercury-Caballé
1988 verëffentlecht de Freddy Mercury zesumme mat der Operesängerin Montserrat Caballé den Album "Barcelona". "Barcelona" ass och den Titel vun engem Song, deen doraus benotzt gouf am Kader vun den Olympesche Summerspiller 1992, ee Song, dee ronderëm d’Welt goung.
Mee ass "Barcelona" deen eenzegen Titel, deen eppes wäert ass oder ginn et nach aner musikalesch Pärelen um Album? Op jiddefall weist den Album dem fréiere Queen Sänger seng Leidenschaft fir Oper, an der Caballé hir Oppenheet fir aner Museksgenren, mengt de Manuel Ribeiro.