arrow_back_ios
Kultur
De Bert Theis ass dout
Fräiräim schaaffen, d’Mënschlechkeet no vir bréngen, Langweil zu enger laanger Weil gi loossen: dat waren dem Bert Theis seng Ziler als Kënschtler. “De l’art pour l’art” war näischt fir de Kreateur vun e.a. dem “Out”, dem Office for urban transformation. Den Artist war 1952 an der Stad op d’Welt komm; en huet déi lescht 20 Joer haaptsächlech zu Mailand gelieft a geschafft. Dëse Mëttwoch ass de Bert Theis, no schwéierer Krankheet, mat 64 Joer zu Mailand gestuerwen. En Noruff vum Kerstin Thalau.