arrow_back_ios
Kultur
De Vietnam Krich am Kino: kritesch an zynesch?
Dee stäerksten Ausdrock huet "New Hollywood" an de grousse Vietnam Filmer Enn vun de siwwenzeger Jore fonnt. "Apocalypse Now" vum Francis Ford Coppola an "The Deer Hunter" vum kierzlech verstuerwene Michael Cimino sinn net nëmmen aussergewéinlech Krichsfilmer oder éischter Antikrichsfilmer, si hunn och genee dee kriteschen Esprit, deen am "New Hollywood" Enn de siechzeger Joren entwéckelt gouf. Eng Serie vum Christian Mosar.