Kultur
De Choix Wim Delvoye fir 10 Joer Mudam
De Belsch Wim Delvoye, Joergang 1965, hat sech als jonke Konschtstudent schonn als mëttelméissege Moler mam Nieweberuff Konschtproff fir Owescoursen gesinn, bis hien nach an der Akademie, duerch Figuren ewéi de Jan Fabre, de Konschtmarché verstanen hat. Bis haut huet hie sech zu engem vun den erfollegräichsten Konzeptkënschtler senger Zäit entwéckelt. Am Kader vun “10 Joer Mudam” huet de Wim Delvoye bis Januar 2017 eng Eenzelausstellung am Pei-Musée. Säin Direkter Enrico Lunghi huet dem Kerstin Thalau erkläert, firwat.