Kultur
Around the World in 37 Films
5 min
Am Joer 1900 huet an Australien ee Meederchersinternat en Ausflug op "Hanging Rock" gemaach, eng Fielsformatioun net wäit ewech vun hirer Schoul. Si hunn de ganzen Dag do verbruecht. Mä wéi se rëm sollten heem fueren, huet sech erausgestallt, datt dräi vun de Meedercher, an eng Léierin, net méi do waren. Obschonns intensiv no hinne gesicht gouf, goufen se ni méi erëm fonnt. Bis op eent vun de Meedercher, dat eng Woch drop nees opgedaucht ass. Et war buerféiss, a konnt sech un näischt erënneren. Déi aner bloufe fir ëmmer verschwonnen. Dës Geschicht gëtt am Peter Weir sengem Film "Picnic at Hanging Rock" erzielt an deen d'Cinémathéik dës Woch proposéiert. D'Cléo Thoma mat Hannergrënn.