Zënter senger Kreatioun 1985 deet de Gaume Jazz Festival jonk Talenter a konfirméiert Staren optrieden. Cool Concerten an enger labberer Ambiance, mat Têtes d'Affichen wéi dem Jacky Terrasson, Stéphane Belmondo a Majid Bekkas, Nicolas Kummert & Lionel Loueke; oder och nach dem Pascal Schumacher Quartet maachen den 12., 13. a 14. August aus Rossignol-Tintigny eng Héichbuerg vum europäeschen Jazz. D'Cléo Thma verréit méi.
arrow_back_ios
Kultur
Gaume Jazz Festival 2016: 12., 13. a 14. August
Episoden
“Dem Händel säi Messias ass ee ganz groussen Challenge”
De Roby Schiltz, Grënner an Dirigent vum Ambitus, verréit méi iwwer den nächste Concert vum Chouer.
Désirée Nosbusch: "Et gëtt kee richtegt oder falscht Traueren"
Déi Lëtzebuerger Actrice a Produzentin iwwer "Poison", hiren éischte laange Fiktiounsfilm hanner der Kamera.
Den 28.3.2025 ass an der Escher Konschthal LEAP-Gala
Déi véier LEAP-Nominéiert sinn: Mike Bourscheid, Rozafa Elshan, Jil Lahr, Lynn Scheidweiler.
Um Radar - ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir ënner der Woch net sollt verpassen.
Benjamin Bat
Zesumme mat Schüler:innen aus der Klass 3e A-LLCO aus dem Lycée Robert-Schuman huet de Jeff Schinker dëse Film beschwat, deen um Luxfilmfest gelaf ass.

"inVISIBLE Women"
Concert am MUDAM organiséiert vun der Commission d’égalité du genre vun der Uni Lëtzebuerg.

Um Radar - de Weekend
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir de Weekend net verpasse sollt.
"Zero Day" mam Robert De Niro
Eng nei Serie op Netflix iwwer d'politesch Konsequenze vun enger Cyberattack op d'USA

D'Bady Minck zu London
La Belle est la Bête

E Raum voller Klanglandschaften
“Sonic Investigations” op der Architektur-Biennale zu Venedeg

"Our Last Dance"
De Jeannot Waringo, President vum Festival Musek am Syrdall, verréit de Programm vun der 36. a leschter Editioun vum Musekfestival.

TUYS - Nei EP "◑◐◐" an 18. Gebuertsdag
Iwwer der Diddelenger Indie-Band hir nei EP “◑◐◐” an den 18. Gebuertsdag vun der Band, deen den 2. Mee an de Rotondë gefeiert gëtt, schwätze mir mam Tun Biever.
Lune de miel - Le baiser du sphynix
Eng BD voller Aventuren. Et geet ëm hongreg Haien, e mysteriéise Päiperlek a Waffen- an Drogenhändler.

International Classical Music Awards 2025
De radio 100,7 ass net nëmme Jurysmember, mee mir iwwerdroen och déi grouss ICMA-Gala 2025 live den 19. Mäerz vun owes 8 Auer un. Ee vun de Solisten ass de Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof.

Generalprouf vun “F for Fake Light” am Casino
Dem Kënschtler Nicholas Vargelis säi Medium: al Luuchtenampullen

Am Gespréich mam Filip Markiewicz
De multidisziplinäre Kënschtler Filip Markiewicz bréngt seng ganz eege Versioun vun der Geschicht vun der Elektra, iergendwou tëschent Theater, Oper a Konschtinstallatioun, an de Studio vum Groussen Theater.
Haarden, kompromisslose Punk
D’Lambrini Girls sinn eng brittesch Punkband, déi sech duerch hir Live-Optrëtter an hir politesch Messagen en Numm gemaach hunn. E Mëttwoch (19.3.) spille si an de Rotonden.

Franséisch Musek tëschent Hoffnung a Verzweiwlung
Fréijoersgefiller an d'Enn vum Liewe stinn am Kontrast, mee ginn duerch franséisch Kläng vu spéitromantescher bis impressionistescher Musek vereent.

Filmkritik: No Other Land
E politeschen Documentaire iwwer de palästinensesche Widderstand géint déi israeelesch Koloniséierung am Westjordanland.
