arrow_back_ios
Kultur
Around the World in 37 Films
Ënnert der Iwwerschrëft "Around the World in 37 Films" kann een dëse Summer vun der Theaterplaz aus déi ganz Welt bereesen. Um Ecran an der Cinémathéik si scho Stied wéi Bruges, London, Lissabon, Berlin, Barcelona, Beijing an Taipeh defiléiert, grad wéi Landschaften an Irland, Frankräich, Serbien, Indien, oder och nach der Mongolei. De Méindeg, 8. August geet et op en neits an eng Groussstad, déi mer mat den Ae vun zwee, déi sech do friem fillen, betruechten: Tokyo. Weider Detailer vum Cléo Thoma.