Kultur
Neiegkeete vun Hogwarts
Verwuerelt schwaarz Hoer, Gezei dat eng Nummer ze grouss ass, e ronne Brëll an natierlech déi bekannt Narb a Form vun engem Blëtz op der Stir –dat ass déi üblech Beschreiwung vum Harry Potter. 19 Joer nodeems dat éischt Buch vun der Potter-Saga erauskomm ass an 9 Joer nom leschte Film, mellt sech d’Figur vum ‘Ausgewieltenen’ --wéi et an de Bicher heescht-- erëm zréck. Nodeems scho méi laang gewosst war, datt am November d’Adaptatioun vum JK Rowling sengem Buch ‘Mythical Beasts and Where to Find Them’ an d’ Kinoe kënnt, sou kënnegt sech un, datt och dat neit Theaterstéck Harry Potter and the Cursed Child, wat muer zu London am Palace Theatre Première huet, e grousse Succès wäert sinn. D’Anne Engels iwwert de Phänomen Harry Potter.