Kultur
D'Bayreuther Festspiller
Nom Road-Movie-Spaas am "Rheingold" ännere sech d'Stëmmung an den Dekor um zweeten Owend vum "Ring des Nibelungen" zu Bayreuth. Am Richard Wagner senger "Walküre" deit sech schonn déi onvermeidlech Apokalypse un, mat där de "Ring des Nibelungen" ennegt. D'"Walküre" spillt an enger däischterer Zeenerie, an där de Regisseur Frank Castorf seng wesentlech Themen uschwätzt: Den Nihilismus mat Referenzen op den Dostojewski an dee fréien Ost-West-Konflikt am Ufank vum 20. Jorhonnert. De Guy Engels ënnerhält sech mam Jean-Paul Bettendorff iwwert deen zweete Ring-Owend.