arrow_back_ios
Kultur
Hollywood an d'Nouvelle Vague
Am Joer 1967 sinn zwee Filmer erauskomm déi den Ufank vun engem neien Hollywood waren. " Bonnie and Clyde" vum Arthur Penn, an "The Graduate" vum Mike Nichols hunn an hire jeeweilege Genre vum Gangsterfilm an der Gesellschaftscomédie ebe grad d'Regele vun deene Filmkategorien einfach op der Säit gelooss an duerch neier ersat.