arrow_back_ios
Kultur
D Kollektiv-Ofschlossfest
Am Kader vum 2. “Festival de la Culture industrielle et de l'Innovation” hu sech d’Kënschtler vum D Kollektiv virun engem Mount um Site vum fréieren Diddelénger Walzwierk installéiert, méi genee am alen Lokomotiv-Atelier. Elo ass hir lescht Woch ugaangen, an nach ëmmer sidd Dir häerzlech invitéiert, laanschtzekommen, d’Kënschtler an Aktioun z'erliewen, mat hinnen ze diskutéieren. Z.B. mam Nora Wagner. D'Kertin Thalau informéiert.