A sengem neie Roman “La Contrée obscure” (Ed. Gallmeister) erzielt den Amerikaner David Vann déi bluddeg Eruewerung vu Florida am 16. Joerhonnert duerch d’Spuenier.
Zwee Personnagë sti sech géigeniwwer: de Conquistador Hernando De Soto, dee fir seng illusoresch Sich no Gold iwwer Läiche geet; an dann de Juan Ortiz, e Spuenier, deen eng Sympathie fir déi indigen Populatiounen entwéckelt huet, obwuel hie jorelaang vun Indianer gefaange gehale gouf.
Fir den David Vann war dee Roman d’Geleeënheet, sengen eegene Cherokee-Originnen op de Fong ze goen.
De Michel Delage huet um Festival "Etonnants voyageurs" zu Saint-Malo mam David Vann geschwat.