arrow_back_ios
Kultur
D'PAE-Expo mat Martine Feipel & Jean Bechameil
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow
De Weekend vum 2. an 3. Juli war den Ofschloss vum 2. Festival fir Industriekultur an Innovatioun am ganze Minett. An deem Kader ass awer och eng Ausstellung opgaangen: d’Public-Art-Experience-Expo um Belval. Iwwert de Belval-Site gi bis Oktober d’Aarbechte vun den 10 Artisten, déi de Fonds Belval fir Kënschtlerresidenze selectionéiert hat, presentéiert. Ënner anerem déi vum Martine Feipel a Jean Bechameil. D’Kerstin Thalau war hire Roboterballet kucken.