arrow_back_ios
Kultur
Juegd op de wäisse Wal
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Publizéiert gouf d'Buch Moby Dick vum Herman Melville 1851 a schonn zu Stommfilmzäiten ass dës mythesch Geschicht fir den groussen Écran adaptéiert ginn. D'Auteuren hu sech dacks vill Fräiheeten erausgeholl an d'Wierk no hire Besoinen adaptéiert an net ëmmer si grouss Meeschterwierker dobäi erauskomm. Eng vun den Adaptatioune stécht awer nach ëmmer ervir: dem John Huston säi "Moby Dick", deen 1956, also genee viru 60 Joer an de Kino koum. D'Martine Reuter kuckt zréck.