arrow_back_ios
Kultur
10 Joer Mudam: Marie-Claude Beaud
"Moi, je ne suis pas là pour être gestionnaire" sot d'Marie-Claude Beaud virun zéng Joer iwwert hir Aarbecht als Direktesch vum Mudam. Vill méi wichteg fir si an hirer Missioun waren: "collectionner, exposer, transmettre". Ouni Zweiwel huet si, an den Ufankszäite vun der Collectioun vum Mudam, där hire Stempel opgedréckt. A si war sech wuel bewosst, datt hir Mëttelen, och deemools schonn, begrenzt waren: "ici, ce n'est pas non plus (...) de la tarte" sot si 2006. D'Cléo Thoma erënnert.