Kultur
Wim Delvoye an 10 Joer Mudam
Den 2. Juli de Moien ass um 11 de Startschoss fir d’10-Joer-Mudam-Festivitéiten. Um Programm: eng fête populaire, déi sech iwwer 36 Stonnen, ouni Ënnerbriechung, bis den 3. Juli owes zitt. De radio 100,7 send de Samschdeg, 2. Juli, tëscht 5 an 8 Auer owes an de Sonndeg, 3. Juli, tëscht 11 an 12 live vun der Plaz. Virum Weekend péckt d’Equipe vum Pei-Musée awer schonn ee vun de Cadeaue fir den Anniversaire aus: de Freideg, 1. Juli, ass de Vernissage vum Wim Delvoye senger Expo "Share". Kuerz no senger Arrivée um Kierchbierg, huet d'Kerstin Thalau mam Kënschtler geschwat.