Déjà Vu
The Kick Inside - Kate Bush
"The Kick Inside", Joergank 1978, war dem Kate Bush säin Debut-Album. EMI hat scho Jore virdrun mat dem jonken Talent ënnerschriwwen, mee den Album op stand-by gesat, mam Argument, hatt wier ze jonk, esouwuel ee Succès wéi och ee Réckschlag ze verkraaften. Si haten d'Rechnung ouni d'Interpretin gemaach. Géint d'Propositioun vum Label huet si als éischt Single "Wuthering Heights" duerchgesat an domat eng Sensatioun gelant. Net nëmme war d'Kate Bush eng vun deenen éischten eegestännege britesche Songwriterinnen iwwerhaapt - säi romantesch-verspilltene Stil op "The Kick Inside" war doriwwer eraus dee gréisstméigleche Kontrastprogramm fir d'Sex Pistols an hiren "Anarchy in the UK". Presentéiert vum Marc Clement.