Déjà Vu
IV - Led Zeppelin
Ëm wat goung et viru Geriicht bei der Plainte géint de kreativen Duo vu Led Zeppelin? De Robert Plant a besonnesch den Jimmy Page - de Gittarist vu Led Zeppelin - hätte sech "inspiréiert" um Lidd "Taurus" vun der US-Band Spirit. Eng Kompositioun aus dem Joer 1968, wou den Ufanksriff dräi Joer méi spéit beim britesche Quartett opgedaucht wier - an hirem Kulthit "Stairway To Heaven". Mee net nëmmen dowéinst ass den Album "IV" vu Led Zeppelin méi speziell: en ass ouni Titel erauskomm an och den Numm vun der Grupp daucht néierens um Cover op! D'Bezeechnung IV krut d'Wierk, wëll et ganz einfach de véierten Album an der Diskographie vun den Englänner ass. Mat "Rock'n'Roll a Black Dog" sinn zwee weider Klassiker vertrueden, mee och déi méi laang Stécker wéi "When The Levee Breaks" oder '"he Battle Of Evermore" hunn hir Qualitéiten. Presentéiert vum Fred Medernach.