Kultur
Déi nei Filmer
"The Huntsman: Winters War" ass eng weider Tentativ, fir en aalt Mäerchen (oder zwee) nei noeneen ze maachen. De Grimm-Andersen-Mix ass e bësse konfus geroden. Adopte un Veuf ass eng x-t franséisch Komedie mam André Dussollier, an e Film iwwert eng Wunngemeinschaft, wat - cocasserweis - och den Ausgangspunkt fir dem Thomas Vinterberg säin neie Film ass, Kollektivet (The Commune), deen ee schonn um Luxembourg City Film Festival entdecke konnt. Mat Der Staat gegen Fritz Bauer setzt de Lars Kraume e Personnage an Zeen, deen am réusséierten Im Labyrinth des Schweigens eng wichteg Nieweroll hat. De Procureur, deen déi éischt Ausschwitz-Prozesser an d'Weeër geleet hat, verdéngt ouni Zweiwel e Film. Ofgeronnt gëtt déi nei Kinoswoch duerch de Lëtzebuerger Documentaire Foreign Affairs, mam Jean Asselborn an der Haaptroll an och schonn um Festival virgestallt, vum Pasha Rafiy. D'Cléo Thoma presentéiert déi nei Filmwoch.