arrow_back_ios
Déjà Vu
Misplaced Childhood - Marillion
Den drëtte Studioalbum vu Marillion am Joer 1985 war e Konzeptalbum: "Misplaced Childhood", mat engem Konzept vum Sänger Fish, wou et ëm deels autobiografesch Elementer an d’Thematik vun der verluerener Léift, plëtzleche Succès, Akzeptanz an déi verluere Kandheet geet. "Misplaced Childhood" gëlt haut nach als eng vun de Referenzen am Genre. De “Fish” war iwwregens de 27. Abrëll zu Diddeleng z’erliewen. Presentéiert vum Manuel Ribeiro.